Receptionist (f/m)
Luxembourg Air Services • Sandweiler, Luxembourg • Posted June 20, 2026
About the Role
Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.
Fir eist Team ze vergréisseren siche mir eng :
Receptionist/in – administrative/n Mataarbechter/in
40 Stonne pro Woch am CDI
Kandidaturen ënner engem CIE (professionellen Integratiounsvertrag) sinn ausdrécklech wëllkomm.