Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Maison Cales zu Bouneweg - CDI 100 %

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG • Luxembourg, Luxembourg • Posted July 14, 2026

About the Role

D'Fondatioun sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.


Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?


Da kommt an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.


Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.


Mir freeën eis op Är Kandidatur !


Mir stellen een Agent éducatif oder een Educateur diplômé (m/w/d) an


Carrière C2 bis C4 laut Diplom